top of page
F1-24-Imola-PIC-1.png

Iwwer d’Liga 3

D’Liga 3 ass déi neiste Kompetitioun an der LFR-Struktur an déngt als Entrée an de kompetitive Simracing-Bereich. Si ass d’Startplaz fir nei Piloten, déi sech mat dem strukturéierte Racing vertraut maache wëllen an hir Fäegkeete weiderentwéckele wëllen.

De Fokus läit op Léieren, Progressioun a propperem Racing, an engem Ëmfeld, dat Kompetitivitéit a Fairplay verbënnt.

Zil

Déi dräi bescht Piloten an der Gesamtwäertung kréien um Enn vun der Saison d’Méiglechkeet, an d’Liga 2 opzesteigen an sech do géint méi erfuerene Fuerer ze beweisen.

Zousätzlech Méiglechkeet

Fuerer aus der Liga 3 kënnen, wann néideg, als Ersatzfuerer an der Liga 2 asetzen.
Dëst bitt d’Chance, wäertvoll Renn-Erfarung an engem méi staarken Feld ze sammelen an de nächste Schratt méi séier ze maachen. Gläichzäiteg gëtt garantéiert, dass all Fuerer sou vill Rennaction wéi méiglech kritt.

Livestream

D’Renne vun eiser Entrantsliga ginn all Donneschdeg um 20:15 Auer live op eisem YouTube-Kanal iwwerdroen.
Hei gesäis du vläicht schonn d’Championen vu muer

Go-Kart-Rennfahrer

Dat lescht Rennergebnis:

EA-Sports-Anuncia-F1-24-g.jpeg

Fuereropstellung

Artboard_1.png
bottom of page