
Hall of Fame
No ville Saisonen, legendäre Rennen an onzielege Stonnen am Voice huet de Comité vun der Luxembourg Formula Racing decidéiert, eng offiziell Hall of Fame anzeféieren. D’Hall of Fame ass dofir geduecht, déi gréisst Perséinlechkeeten an der Geschicht vun der LFR ze éieren – Memberen, déi d’Liga duerch Leeschtung, Engagement a Passioun nohalteg gepräägt hunn. Änlech wéi an der WWE ginn dës Memberen offiziell an d’Hall of Fame „inducted“ an domat dauerhaft an der Geschicht vun der LFR verankert.
Reglement & Flexibilitéit
De Comité vun der LFR behält sech d’Recht vir, d’Meilesteng an Zukunft unzepassen, z’ergänzen oder ze präziséieren. Dëst garantéiert, datt d’Hall of Fame fair, aktuell a flexibel bleift an der Entwécklung vun der Liga Rechnung dréit.
Krittären fir d’Induktioun
Fir an d’LFR Hall of Fame opgeholl ze ginn, muss e Member mindestens 3 vun de folgende Meilesteng erreecht hunn:
-
🏁 150 Rennstarts
-
🥇 65 Siegen
-
🥈 80 Podiums
-
🏆 1500 Punkten
-
⚡ 50 Fastest Laps
-
🎯 20 Perfect Races
-
👑 5× FWM Champion
-
🛡️ 5× KWM Champion
-
🎙️ 60× als Kommentator aktiv
Dës Meilesteng reflektéieren net nëmme Performance, mee och Beständegkeet an Engagement iwwer eng méi laang Zäit.
Offiziell Opnam
Memberen, déi an d’Hall of Fame opgeholl ginn, ginn normalerweis offiziell an der Generalversammlung (AG) inducted an och ëffentlech annoncéiert.
Wat kritt een als Hall-of-Famer?
All inductéierte Member kritt:
-
🏆 E richtege Pokal (physesch)
-
📜 E personaliséiert Zertifikat
-
💎 Eng exklusiv Discord-Roll mat Prestige
Dës Éiereplaze sinn e Symbol fir Respekt, Leeschtung a Loyalitéit géintiwwer der LFR.
D’LFR Hall of Fame ass net just eng Lëscht vu Nimm – si ass d’Geschicht vun eiser Liga.
