
Iwwer d’Liga 2
D’Liga 2 ass d’Entwécklungs- an Leeschtungsliga vun der LFR. Hei trieden déi Fuerer un, déi nach net an der Éischt Liga fueren, mee kloer d’Potenzial hunn, de nächste Schratt ze maachen.
Déi dräi beschte Piloten an der Gesamtwäertung kréien all Saison d’Méiglechkeet, an d’Liga 1 opzesteigen an sech do géint déi absolut Spëtzt ze beweisen.
Konkurrenz & Niveau
Och wann et déi zweet Liga ass, ass den Niveau héich an d’Renne sinn intensiv. All Course ass en haarde Kampf ëm Punkten, Positiounen a sportleche Respekt.
D’Fuerer weisen Passioun, Technik a Racing-Intelligenz, an dat ass op all Meter vun der Streck ze spieren.
Zousätzlech Regelung
Fuerer aus der Liga 2 kënnen, wann néideg, teamsiwwergräifend als Ersatz an der Liga 1 asetzen.
Dat bitt d’Méiglechkeet, wäertvoll Renn-Erfarung ze sammelen an sech zäitweis op der grousser Bühn ze presentéieren.
Livestream
D’Renne vun der Liga 2 ginn all Mëttwoch um 20:00 Auer live op eisem YouTube-Kanal iwwerdroen.
Erwaart Action, Talent an en Abléck an déi nächst Generatioun vun Top-Fuerer.


Fuereropstellung


