top of page
IMG_3711.png

LFR Team Red Lions – Endurance Team

D’LFR Team Red Lions ass d’Endurance-Equipe watt aus enger Zesummenaarbescht teschent Luxembourg Formula Racing an Team Red Lions. D’Team steet fir Struktur, Disziplin an laangfristeg Performance am SimRacing-Endurance-Beräich.

Mir fokusséieren eis op Langstreckerennen, wou Teamwork, Strategie an Konsistenz méi wichteg si wéi eng eenzeg séier Ronn. All Resultat ass d’Resultat vun enger gemeinsamer Leeschtung.

Eis Philosophie

Am Endurance-Racing geet et net nëmme ëm Speed. Eis Prioritéite sinn:

  • proppert a respektvollt Racing

  • stabil Pace iwwer laang Distanzen

  • Strategie- an Stint-Management

  • Zesummenaarbecht an Kommunikatioun am Team

  • Analyse a kontinuéierlech Verbesserung

Jiddereen am Team huet eng Roll, an all Stint zielt.

D’Equipe

D’LFR Team Red Lions besteet aus engagéierte Fuerer, déi bereet sinn:

  • Verantwortung am Team ze iwwerhuelen

  • un Trainings- a Testsessionen deelzehuelen

  • sech un gemeinsam Decisiounen ze halen

  • d’LFR no baussen professionell ze vertrieden

Nei Fuerer ginn net nëmme no Pace, mee virun allem no Racecraft, Konsistenz an Teamfäegkeet evaluéiert.

Zil

Eis Ambitioun ass et, als stabil an zouverlässeg Endurance-Team opzetrieden an eis kontinuéierlech op héijem Niveau weiderzeentwéckelen, mat Respekt virun de Konkurrenten an engem kloere Fokus op Qualitéit. 

Rennwagen-Kurven

Meet the Team

bottom of page