top of page
F1-24-Imola-PIC-1.png

Iwwer d’Liga 1

D’Liga 1 ass d’Spëtzt vun der LFR. Hei trieden déi beschte Simracer aus Lëtzebuerg géinteneen un. Et geet net nëmmen ëm pure Speed, mee ëm Konstanz, Rennintelligenz a mental Stäerkt.

All Saison muss sech all Fuerer nees beweisen. Den Niveau ass héich, d’Feeler ginn direkt bestrooft, a nëmme wien iwwer eng ganz Saison liwwert, gehéiert wierklech zur Elite vum Lëtzebuerger F1 Simracing.

Relegatiounssystem

An der Liga 1 gëtt näischt geschenkt.
Déi dräi lescht Piloten an der Gesamtwäertung verléieren um Enn vun der Saison hir Plaz an der éischter Liga a mussen an der Liga 2 nees beweisen, dass se dohi gehéieren.

Zréck an d’Liga 1 kënnt just, wie Leeschtung, Disziplin a Konstanz weist. De System garantéiert permanenten Drock an héchst sportlech Qualitéit.

Zil

Lëtzebuerger Champion gëtt et nëmmen een.
De Konkurrenzkampf ass entspriechend haart, all Course ass Spëtzesport op héchstem Niveau. Kleng Differenzen entscheeden iwwer Podium, Punkten oder Ofstig.

Wien hei matfiert, fiert net fir d’Matmaachen, mee fir den Titel.

Livestream

All Course gëtt live iwwerdroen,
méindes um 20:00 Auer op eisem YouTube-Kanal.

 

Mat Live-Kommentaren, Highlights a Momenter, déi Simracing zu engem richtege Spektakel maachen

Go-Kart-Rennfahrer

Dat lescht Rennergebnis:

EA-Sports-Anuncia-F1-24-g.jpeg

Fuereropstellung

Artboard_1.png
bottom of page